Verstouss géint Decisioun vun EZBBIL muss Geldstrof vun 3,255 Milliounen Euro bezuelen

François Aulner
Wéinst engem Verstouss bei den interne Modeller, fir Perten ze berechnen, krut d'Lëtzebuerger Bank BIL vun der europäescher Zentralbank eng Geldstrof a Milliounenhéicht.
D'Lëtzebuerger Bank BIL
© RTL Archiv

D’BIL krut eng Geldstrof vun der europäescher Zentralbank. D’EZB huet e Méindeg den Owend matgedeelt, datt d’Lëtzebuerger Bank géint eng viregt Decisioun vun hir verstouss hätt. An zwar bei den interne Modeller, fir déi erwaarte Perten ze berechnen. Dowéinst hätt d’BIL hiert Kapital fir 3 Trimesteren hannerteneen iwwerbewäert.

D'Geldstrof beleeft sech op 3,255 Milliounen Euro.

Den Haaptaktionär vun der BIL, déi chineesesch Legend Holding ass op der Sich no engem Keefer vu senge 90% Parten. Déi aner Parten huet de Lëtzebuerger Staat.

D’BIL ka virum europäesche Geriichtshaff géint d’Decisioun vun der EZB Appell maachen.

Den Detail um Site vun der europäescher Zentralbank.

Back to Top
CIM LOGO