
An der Spëtzepartie hunn d’Spectateuren zu Luerenzweiler eng ganz serréiert Partie gesinn. D’Heemekipp konnt déi éischt 2 Sätz fir sech entscheeden. Stroossen ass awer zréckkomm an d’Sätz 3 a 4 goungen un d’Gäscht. Der Heemekipp ass d’Loft ausgaangen an am decisive Saz louch Stroosse scho mat 14:8 vir an hat 6 Matchbäll. Luerenzweiler koum op 13:14 erun, huet sech dunn awer misse mat 13:15 geschloe ginn. Um Enn konnt Stroossen knapp mat 3:2 zu Luerenzweiler gewannen.
Donieft gouf et e klore Bartrenger 3:0-Erfolleg géint Iechternach. Ënnen of huet Esch Amber-Lënster mat 3:0 geklappt.
Um Sonndeg spillt Dikrech nach géint Fenteng.
Walfer hat doheem keng Chance an huet an dräi klore Sätz mat 0:3 géint Mamer verluer.
D’Gym bleift um Tabelleleader Mamer drun. Damme vu Bouneweg hu sech 3:0 géint Fenteng behaapt.
Esch war doheem Stengefort mat 0:3 ënnerleeën a Bartreng konnt sech 3:1 géint Iechternach duerchsetzen.