
Bei den Häre huet Fenteng sech doheem souverän 3:1 (25:12, 25:19, 23:25, 25:19) géint Esch duerchgesat. Béid Ekippe wäerten et net ënnert déi éischt 4 packen an deemno am Playdown spillen.
E Sonndeg huet de VC Stroossen dann näischt ubrenne gelooss a sech mat 3:0 (25:16, 25:19, 25:18) beim CHEV Dikrech duerchgesat. D’Haushäre konnten an de Sätz zwar jeeweils gutt mathalen, ma um Enn sollt sech awer ëmmer d’Klass vun de Stroossener duerchsetzen, déi elo zanter 13 Spilldeeg dës Saison weider ouni Punkteverloscht un der Tabellespëtzt stoe bleiwen.
Am Spëtzematch tëscht Mamer an der Gym Volley verléiert de Champion 2:3 (21:25, 25:19, 25:15, 13:25, 13:15). Et ass déi éischt Mamer Heemdefaite vun der Saison. Nodeems d’Gym den éischte Saz fir sech decidéiere konnt huet Mamer de Match gedréint an op 2:1 gestallt, ma d’Gym huet mat enger däitlecher Victoire am 4. Saz en decisive Saz erzwongen. Hei louch Mamer laang a Féierung, ma der Gym si beim Score vun 8:12 sechs Punkten um Stéck gelongen, soudass ee sech um Enn iwwer 2 Punkte ka freeën. Mamer bleift awer mat enger Avance vu 5 Punkten Tabelleleader, soudass dem Titelverdeedeger déi 1. Plaz bei nach engem verbleiwende Spilldag an der regulärer Saison net méi ze huelen ass.
Am fréien Owend huet Fenteng iwwerdeems 1:3 (16:25, 23:25, 25:20, 22:25) géint Esch verluer. Trotz der Escher Victoire steet allerdéngs scho fest, dass béid Ekippen an de Playdown mussen.
Donieft huet Stengefort sech souverän mat 3:0 (25:13, 25:12, 25:17) géint Bartreng duerchgesat. Och hei war scho gewosst, dass Stengefort an den Halleffinalle steet a Bartreng am Playdown spillt.