MixVoip League an der RTL Live ArenaDéi zweet Matcher vun den 1/2-Finallen bei den Dammen an Hären am Stream

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg kënnen am nationale Volleyball-Championnat déi éischt Finalisten decidéiert ginn.

Bei den Häre spillt um 20.00 Auer e Samschdegowend de CHEV Dikrech géint de VC Stroossen a Luerenzweiler géint Bartreng an den zweeten 1/2-Finalle vum Best-of-Three-Modus. Mat enger Victoire jeeweils fir Stroossen a fir Luerenzweiler wier den Ticket fir d’Finall fréizäiteg geséchert.

Bei den Damme gëllt dat fir de VC Mamer, fir deen et um 18.30 Auer géint den RSR Walfer geet an dann nach fir den Gym Volley, deen um 19.00 Auer géint de VC Stengefort spillt.


De Livestream vu weidere Matcher aus dem Volleyball-Championnat an der RTL Live Arena

De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.

Back to Top
CIM LOGO