
De Leader Stroossen konnt sech zu Esch kloer mat 3:0 behaapten. Am éischten am am 3. Saz hunn déi Escher just 13 Punkte gemaach. Am 2. Saz war et nach méi däitlech. Dee goung mat 25:11 u Stroossen.
Den Tabellenzweete Bartreng konnt sech och mat 3:0 géint Fenteng duerchsetzen. Nodeems déi zwee éischt Sätz kloer un d’Heemekipp goung war déi lescht Manche spannend. Bartreng konnt déi um Enn mat 28:26 fir sech entscheeden.
Eng kleng Iwwerraschung gouf et zu Dikrech. De CHEV verléiert mat 1:3 géint Luerenzweiler.
Um Sonndeg spillt Iechternach géint Amber-Lënster.
Déi Escher Damme ware Mamer mat 0:3 ënnerleeën. D’Heemekipp huet sech am éischten an am 3. Saz deier verkaf. Déi zwee Sätz gounge mat 25:23 awer trotzdeem u Mamer. Den zweete Saz goung kloer u Mamer.
Den Tabellenzweete Walfer huet sech doheem däitlech mat 0:3 géint d’Gym misse geschloe ginn.
Um Sonndeg spillt Iechternach géint Stengefort.