Phas OrangeGemeng Waldbëlleg annoncéiert Restriktiounen, fir Drénkwaasser-Versuergung ze garantéieren

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Reserven ze schounen, huet d'Waldbëlleger Gemeng Moossnamen agefouert, déi d'Notze vu Waasser fir verschidde privat Zwecker verbidden, dat mat Geldstrofe bei Verstéiss.
Zu de Restriktioune gehéiert ënnert anerem e Verbuet, Autoen ze wäschen.
© Canva / Truecreatives

Wéi et vun offizieller Säit heescht, huet de Schäfferot an der Waldbëlleger Gemeng d'Phas Orange ausgeruff, well d'Drénkwaasser knapp gëtt. An engem Communiqué ass deemno ze liesen, datt op der Spillplaz op der Heringer Millen am Mëllerdall d'Waasser zougedréit gëtt, bis d'Reglement nees opgehuewen ass.

Fir enger méiglecher Waasser-Knappheet virzegräifen an d'Versuergung mat Drénkwaasser weiderhi kënnen ze garantéieren, triede mat direkter Wierkung weider Restriktiounen a Kraaft, fir d'Reserven ze schounen. Bis op Weideres ass et duerfir fir Privatleit verbueden,

• Autoen ze wäschen,
• Trottoiren, Garagen, Häff oder Fassaden ofzewäschen,
• privat Schwämmen, mobil Schwämmen a privat Weiere mat Waasser ze fëllen oder d'Waasser ze erneieren,
• Kärcher oder aner Héichdrockapparater fir d'Botzen ze benotzen,
• Sprangbueren ze bedreiwen, ausser mat engem zouene Waasserkreeslaf,
• Liewensmëttel a Gedrénks ënner fléissendem Waasser ze killen,
• Gréngflächen, Parken, Kierfechter a Sportsterrainen ze bewässeren, ausser bei neie Beplanzungen.

Verstéiss géint dës Bestëmmunge kënne mat enger Geldstrof tëscht 25 an 250 Euro bestrooft ginn, heescht et weider vun der Gemeng.

Commune de Waldbillig - Règlement d'urgence - Pénurie d'eau Phase orange.pdf

Back to Top
CIM LOGO