
Mat senger Olympescher Goldmedail zu Roum 1960 gëtt den 18 Joer ale Cassius Marcellus Clay aus Louisville am US-Bundesstaat Kentucky international bekannt. Véier Joer méi spéit kann hie sech géint den deemolege Weltmeeschter am Schwéiergewiicht Sonny Liston duerchsetzen an den Titel bei de Profie gewannen. Den Aussesäiter weess mat sengem ongewéinleche Stil an och mat senger décker Schnëss z’iwwerzeegen.

Nom Gewënn vum Titel verännert sech dem Cassius Clay säi Liewe staark. Haut virun 62 Joer leet hie säi “Sklavennumm” of a wëllt vun do u just nach Muhammad Ali genannt ginn. Hie konvertéiert zum Islam an trëtt der “Nation of Islam” bäi, déi radikal politesch Ziler suivéiert an hie verkierpert ausserdeem och d’Idealer vun der “Black Power"-Beweegung. Direkt no sengem erfollegräiche WM-Kampf hat den neie Champion scho gesot, hie wéisst, wou hien higoe géing an dass hien net esou misst sinn, wéi d’Leit hie wéilten hunn. Hie wier fräi, deen ze sinn, deen hie wéilt sinn. Wierder, déi een zu där Zäit net vu Boxer kannt huet. Deenen hir Missioun war et bis dohi gewiescht, ze boxen an d’Leit z’ënnerhalen. Politesch oder reliéis Usiichten gouf et deemools net am Boxen.
Fir d’Afroamerikaner gëtt den Ali an der Suite zur Hoffnungs- a Symbolfigur, déi wäiss a konservativ Ëffentlechkeet reagéiert dogéint mat Haass. Sengem Succès am Boxrank schuet et awer net. Bis 1967 kann hie sech an all Kampf iwwerleeën duerchsetzen, d’Leit sti ronderëm d’Welt nuets op, fir seng Kämpf ze suivéieren. Wéinst senge politeschen Iwwerzeegunge refuséiert den Ali dunn awer, an d’Arméi agezunn ze ginn an domat en Asaz am Vietnamkrich. Resultat sinn den Entzuch vu sengem Pass a senger Boxlizenz, nieft 5 Joer Prisong. Géint Kautioun bleift den Ali zwar op fräiem Fouss, mee hien dierf awer, trotz dem Asaz vun etleche Prominenten, gutt 3 Joer laang net boxen. Wäit méi wichteg ass awer, iwwer Ermëttlunge vun NSA an FBI eraus, d’Erkenntnis, dass hien zum Gesiicht gëtt vun der US-amerikanescher Anti-Krichs-Beweegung.
1970 dierf den Ali erëm ufänken ze boxen. De “Fight of the Century” an den “Thrilla in Manila” géint den Joe Frazier an de “Rumble in the Jungle” géint den George Foreman maachen aus dem Muhammad Ali endgülteg “The Greatest”. 1975 verléisst hien d’Nation of Islam erëm, iwwerdeems seng Kämpf lues a lues manner iwwerzeegend ginn. Hie verpasst an de Joren duerno de richtegen Zäitpunkt, fir e Schlusspunkt ze setzen. 1981 ass et no enger batterer Néierlag géint de Nobody Trevor Berbick d’Enn vum Muhammad Ali senger grousser Karriär, dee sech net méi wiere kann.
D’Unzeechen, dass den Ali u Parkinson leit, sinn deemools schonn net méi z’iwwersinn. 1984 gëtt d’Diagnos offiziell. An awer weist sech “The Greatest” bis zu sengem Doud 2016 ëmmer rëm an der Ëffentlechkeet a setzt sech géint Ongerechtegkeeten an. Den Athlet a Showman passt weider a keen Tirang. 1984 ënnerstëtzt hien d’Reelektioun vum republikaneschen US-President Ronald Reagan, obwuel hie puer Méint virdrun nach am Camp vum demokrateschen Afroamerikaner Jesse Jackson gestanen hat. 1990 trëfft hien an der Golfkris den irakeschen Diktator Saddam Hussein an erreecht d’Fräiloosse vu 15 US-Amerikaner. 1996 begleet hien en Transport vu medezinesche Gidder op Kuba an huet eng Entrevue mam Fidel Castro. 2005 ass de Muhammad Ali Invité um Donald Trump senger Hochzäit mam Melania.

2016 geet um 3. Juni dem polariséierende Charakter säi Liewen op en Enn. Onvergiess, nieft senge grousse Kämpf a sengem onermiddlechen Asaz, bleift de Moment, wéi de Sportler vum Joerhonnert 1996 zu Atlanta bei den Olympesche Spiller d’Feier ufänkt.