Zréck am FitnessNo schwéierer Chute bei Olympia: Lindsey Vonn mécht éischt Schrëtt vun aktiver Reha

RTL mat AFP
Knapp ee Mount no hirer schwéierer Chute bei den Olympesche Wanterspiller huet d'Lindsey Vonn mat der aktiver Rehabilitatioun ugefaangen an trainéiert hiert verletzte Been schonn erëm mat engem Fitnessgerät.
D'Lindsey Vonn beim offiziellen Training vun den Olympesche Wanterspiller 2026, een Dag virun hirer schwéierer Chutte.
D’Lindsey Vonn beim offiziellen Training vun den Olympesche Wanterspiller 2026, een Dag virun hirer schwéierer Chutte.
© TIZIANA FABI/AFP

Déi amerikanesch Schifuererin Lindsey Vonn huet manner wéi ee Mount no hirer schwéierer Chute bei den Olympesche Wanterspiller zu Cortina d’Ampezzo mat den éischte Schrëtt vun der aktiver Rehabilitatioun ugefaangen. Och wa si sech nach zum Deel am Rollstull hin an hier beweegt, ass an engem rezente Video op Instagram ze gesinn, wéi si schonn nees mat engem engem Fitnessgerät hiert Been trainéiert.

D’Vonn hat sech bei der Chute den 8. Februar eng Rei vu Bréch um lénke Been zougezunn. “Alles war a Stécker”, sou d’Schifuererin iwwert hier Blessuren.

No e puer Operatiounen an Italien war d’Sportlerin zréck an d’USA gereest. Do huet den orthopädesche Chirurg Tom Hackett, deen och mat der US-Schi-Ekipp schafft, eng Operatioun iwwer ronn sechs Stonnen duerchgefouert. Domat hätt hien d’Been “virun der Amputatioun” gerett, sou d’Vonn.

No hirem Accident wier et zu engem sougenannte Kompartmentsyndrom komm, wat e Bluttstau verursaacht a sou hiert Been a Gefor bruecht hätt. De Chirurg hätt dofir béid Säite vum Been op “filetéiert”, fir datt d’Wonn entlaascht gëtt.

Schwéier Chute vum Lindsey Vonn
An der Descente vun de Frae bei den Olympesche Spiller zu Cortina d’Ampezzo ass d’Amerikanerin Lindsey Vonn schwéier gefall an huet misse mam Helikopter an d’Spidol geflu ginn.

D’Olympia-Gewënnerin an der Descente vun den Olympesche Wanterspiller 2010 hat sech leschte Wanter no bal sechs Joer Paus aus der Pensioun zeréckgemellt. An der aktueller FIS Alpine Ski World Cup-Saison war si nees gutt a Form a koum siwe Mol an aacht Coursen op de Podium, dorënner zwou Victoiren.

Eng Chute am Januar hat hir schonn eng Bännerverletzung am lénke Knéi abruecht, trotzdeem ass si zu Cortina un de Start gaangen. D’Vonn, déi an hirer Carrière 84 Victoiren am World Cup erreecht huet, hat gehofft, hir véiert olympesch Medail ze gewannen.

D’Sportlerin huet och erkläert, datt si méi laang am Spidol bliwwen ass, wéi erwaart. Wéinst groussem Bluttverloscht hätt si en niddregen Hämoglobin-Wäert gehat an och staark Péng.

An de kommende Woche wëll si sech elo weider op d’Rehabilitatioun konzentréieren, fir vum Rollstull op Krätschen ze wiesselen. Et kéint ronn ee Joer daueren, bis all d’Schanken erëm komplett verheelt sinn.

Back to Top
CIM LOGO