17 Athleten aus 8 SportaartenParalympesche Comité huet Sportler fir déi dräi Kadere presentéiert

Jana Peters
Zwee vun de Sportler sinn am Elitekader, siwen am Promotiounskader an aacht am Cadre Fédéral vum paralympesche Comité
D'Kaderathlete vum Lëtzebuerger paralympesche Comité bei der Presentatioun de 5. Mäerz 2026.
D’Kaderathlete vum Lëtzebuerger paralympesche Comité bei der Presentatioun de 5. Mäerz 2026.
© Jana Peters

A Präsenz vun der Sportsministesch Martine Hansen goufen en Donneschdeg den Owend am Rehazenter d’Kadere vun dem Paralympesche Comité virgestallt. Am ganze sinn 17 Athleten aus aacht Sportaarten an dräi Kadere vertrueden.

Am Elite-Kader sinn de Steve Nothum am Para-Trappschéissen an de Matteo Scuto am Para-Dëschtennis. Si hunn allebéid d’lescht Joer op internationalem Niveau gutt Leeschtunge gewisen.

Am Promotiounskader sinn déi Athleten, déi um Sprong si fir an den Elitekader, a sech an de leschte Jore schonn duerch hir Leeschtunge bemierkbar gemaach hunn. Dëst sinn d’Katrin Kohl an den Massimo Saputo allebéid an der Para-Liichtathletik, de Philippe Hein am Para-Dëschtennis, d’Liz Conzemius an den Nicolas Berot am Ceci-Tennis, de Joe Schmit am Para-Klammen an de Roberto Lomba am Para-Judo.

Am drëtte Kader, dem Cadre Fédéral, sinn direkt aacht Para-Athlete vertrueden, dëst sinn d’Caecilia Riedl am Para-Judo, den Ashish Ramsurrup an der Para-Liichtathletik, de Roby Mangen am Para-Dëschtennis, d’Sandra Schwinninger am Para-Schwammen, den Amsal Redzepovic, de Paul Kremer, den Carlos Neves an d’Andreia am Para-Cycling.

Déi jéngste Kaderathletin ass mat 14 Joer d’Caecilia Riedl déi grouss Nowueshoffnung am Para-Judo.

Back to Top
CIM LOGO