Olympesch WanterspillerFederica Brignone mat Gold am Riseslalom, Gwyneth ten Raa mat Plaz 30

RTL Lëtzebuerg
Een Dag no den Häre goufen d'Dammen an de Riseslalom zu Cortina d'Ampezzo geschéckt.
© STEFANO RELLANDINI/AFP

D’Federica Brignone huet hiert zweet Gold bei dësen Olympesche Wanterspiller gewonnen. D’Italieenerin, déi sech am leschte Fréijoer eng schwéier Verletzung um Knéi zougezunn hat, hat schonn en Donneschdeg de Super-G fir sech entscheet. Well d’Lena Dürr, d’Sofia Goggia an d’Lara Colturi am zweeten Duerchgang vill Zäit agebéisst hunn, hu sech d’Sara Hector an d’Thea Louise Stjernesund ëm e puer Plaze verbessert a komplettéieren an der selwechter Zäit de Podium hannert der Brignone. D’Schweedin an d’Norweegerin haten de Parcours a béide Leef an der selwechter Zäit hannert sech bruecht.

Mat der Gwyneth ten Raa war och déi zweet Lëtzebuergerin bei dëse Wanterspiller am Asaz. No enger 34. Plaz am éischten Duerchgang konnt sech déi 20 Joer jonk Lëtzebuergerin nach ëm véier Plaze verbesseren a gouf um Enn als 30. an der Gesamtwäertung geféiert. Si huet dobäi vum Ausfall vu véier Konkurrentinne profitéiert an hat no zwee Leef e Réckstand vu 5,95 Sekonnen op d’Gewënnerin Brignone. No 2022 zu Peking ass et déi zweet Participatioun fir d’ten Raa bei Olympesche Wanterspiller. Et ass déi éischt Kéier, dass eng Lëtzebuergerin zwee Duerchgäng an engem Riseslalom bei Olympia gefuer ass.

Gwyneth ten Raa resuméiert seng Course
D’Lëtzebuergerin gouf am Riseslalom um Enn déi 30.
Verglach Olympia Mailand a Peking
An Italien wär eng vill méi familiär Atmosphär.

Back to Top
CIM LOGO