
Am leschten Heemmatch vun der regulärer Saison huet den Tornado sech misste géint den Tabellendrëtten aus Châlons mat 3:6 geschloe ginn. Den éischten Drëttel war trotz engem Gol an der 17. Minutt vun den Gäscht ausgeglach, mä d’Gäscht waren an der Attack méi geféierlech wéi d’Lëtzebuerger an hunn den gudden Jesse Miquel am Gol eng oder déi aner Kéier geféierlech gepréift.
Den zweeten Drëttel war gepräägt vun ville Strofminuten op béide Säiten, mä et waren d’Gäscht, déi direkt déi eicht Iwwerzuel an der 22. Minutt konnten notzen, fir mat 2:0 a Féierung ze goen. Déi gutt 1.000 Zuschauer op der Kockelscheier hunn elo en spannenden an intensive Match gesinn. An der 35 Minutt konnt Châlons duerch eng weider Strof vun de Spiller ronderëm de Christer Eriksson esouguer d’Féierung op 3:0 ausbauen. Nëmme Sekonne viru Schluss vum zweeten Drëttel konnten d’Lëtzebuerger dann och eng Iwwerzuel notzen an de wichtegen Uschlosstreffer zum 1:3 duerch den Julien Vogt erasetzen.
Den selwechte Spiller konnt den Ecart schonn no nëmmen zwou Minutten am leschten Drëttel mam 2:3 op ee Gol reduzéieren, mä dono waren et d’Fransousen, déi nëmmen 4 Minutten drop mam 4:2 geäntwert hunn. Den Tabellendrëtten, deen elo méi Spillundeeler hat, konnt dann esouguer duerch hiren ganz staarke Kanadier Jonathan Jensson mat 5:2 an Féierung goen, éier d’Lëtzebuerger duerch den Antoine Thomas op 3:5 zeréckkoumen. Kuerz virun Schluss huet den Christer Eriksson alles op eng Kaart gesat an den Goalie erausgeholl, fir mat 6 Feldspiller nach den Ausgläich kënnen ze packen. De Risiko huet sech net gelount, well et waren d’Gäscht déi mat engem Empty Net Gol konnten de Score op 3:6 eropsetzen an Partie fir sech entscheeden.
Duerch des Defaite ännert sech fir den Tornado, dee mat 23 Punkten op der 7. Plaz an der Tabell steet, emol direkt näischt, mä et hänkt vum Match vun de Français Volants géint Orléans of, déi e Sonndeg spillen an déi nëmmen een Punkt hanner den Lëtzebuerger leien. Doduerch kéinten d’Lëtzebuerger op déi 8. Plaz zeréckfalen a missten am leschte Match vun der regulärer Saison zu Châlons punkten, fir erëm op déi 7. Plaz ze kommen. Egal wéi ass den Tornado fir Playoffe qualifizéiert a spillt dann den 28. Februar op der Kockelscheier entweder géint Vipers vun Montpellier oder d’Lynx vun Valence.