D’Invitéë waren d’Ultra-Sportler Ralph Diseviscourt, Paule Kremer, Simone Kayser a Philippe Harles.
Wéi den Ralph Diseviscourt am Ufank gefrot gouf, wéi vill Kilometer hie bis Enn Januar gefuer wier, huet hie mat 3.000 Kilometer geäntwert. Mee net nëmmen dës Zuel beandrockt. Mat 895,13 Kilometer a 24 Stonnen hat den Dizzy, wéi e genannt gëtt, en neie Weltrekord opgestallt. Am Palmarès stinn och eng sëlleg Succèse bei Ultra-Courssen am Ausland. Fir sech optimal op Courssen ze preparéieren, brauch de Sportler virun allem eng gutt Balance.
334 Deeg souz den Ultra-Cylist d’lescht Joer um Vëlo. Dobäi ass hien 41.150 Kilometer gefuer. Bei de Courssen, déi sech iwwer e puer Deeg zéien, ass d’Schlofzäit e kruzialen Faktor. Wéi de Ralph Diseviscourt gesot huet, dass eng Stonn Schlof duergéing, ier e weider fiert, hu vill Leit am Sall gestaunt.
D’Zil vum Paule Kremer ass et, d’Oceans 7 ze packen, wat déi gréisst Erausfuerderungen am Open-Water-Schwammen ass. Mam Äermelkanal, dem Catalina-Kanal an der Strooss vu Gibraltar huet d’Paule Kremer schonn e puer Strecken ofgehaakt. Wat am Ultra-Schwammen eng entscheedend Roll spillt, ass d’mental Stäerkt.
Eng aner Damm op der Bün, d’Simone Kayser, huet de Marathon du Sable dräi Mol gewonnen. Wann eng Persoun 250 Kilometer duerch d’Wüst leeft, sammelt een Erfarungen, déi engem och am Liewen vill bréngen.
Dräi Lëtzebuerger ware schonn um Mount Everest. Een dovun ass de Philippe Harles, deen den 21. Mee 2021 op de Sommet vun dësem legendäre Bierg eropgeklomme war. D’Zil vum Alpinist ass, siwe Summits ze packen. Fënnef Bierger vun dëser Lëscht si schonn ofgehaakt. D’Gedanken, dass bei dëser Sportaart d’Accidenter esouguer liewensgeféierlech kënne sinn, sinn ëmmer am Hannerkapp dobäi. Ganz ausblende kéint een dat net.
Am Endeffekt hunn déi véier Ultra-Sportler eppes kloer gemaach. Et geet net nëmmen ëm Kilometer, Héichtemeter oder Succèsen, mee ëm Disziplin, Leidenschaft an de Courage, ëmmer nees seng eege Grenzen ze sichen.