De Krees vu Sportler, déi op Olympesche Summer- a Wanterspiller jeeweils eng Medail gewanne konnten, ass d’office scho kleng. Ganzen 8 Persounen ass dat Konschtstéck bis dato gelongen. De Gillis Grafström hat viru ronn 100 Joer am Äiskonschtlaf dräimol Gold gewonnen, 1920 war dem Schweed seng Paradedisziplin dobäi och Deel vun de Summerspiller zu Antwerpen gewiescht. Mee ee Mann stécht nach emol aus deem elitäre Krees eraus.
Den Edward “Eddie” Eagan huet sech haut viru 94 Joer zur Legend gemaach, wéi hien op de Wanterspiller zu Lake Placid an den USA mam Véiererbob d’Goldmedail gewënnt. 12 Joer méi fréi, 1920 hat den US-Amerikaner op de Summerspiller zu Antwerpen och am Boxe Gold gewonnen. Hien ass domat bis haut deen eenzege Sportler, deen op Olympesche Summer- a Wanterspiller an zwou verschiddenen Disziplinnen deen Éischte ginn ass.
An einfache Verhältnisser grouss ginn zu Denver am Colorado, war den Eagan no engem Joer op der Uni, wou hie scho geboxt huet, an den Éischte Weltkrich gezunn. Och wärend deem Militärdéngscht hat hie säi Sport weiderbedriwwen, fir nom Krich kënne weider ze boxen. Nom Ofschloss op der Universitéit vu Yale war hien op Harvard an op Oxford weiderstudéieren, am Amateurboxe konnt hien an där Zäit verschidde Championstitele gewannen, dorënner als éischten US-Amerikaner dee britteschen Titel. Dobäi huet den Eagan vu Klengem un engem deemools bekannte fiktionale Roman-Sportler nogeäifert, deen ni gefëmmt a gedronk huet.
1920 hat den Edward Eagan op den Olympesche Summerspiller zu Antwerpen Gold gewonnen am Liicht-Schwéiergewiicht. Duerno goung hie wärend zwee Joer op Welttournée, fir an all Land, an dat hie gereest war, géint de beschten Amateurboxer unzetrieden. Den Edward sollt kee vun deene Kämpf verléieren. Op den Olympesche Summerspiller zu Paräis sollt him 1924 seng Titelverdeedegung awer net geléngen. 1927 war et dunn d’Hochzäit mat der Margaret Colgate aus der Dynastie vum weltbekannte Seefeproduzent.
Nodeems den Eddie sech 1932 zu New York als Affekot installéiert hat, goung hien nach emol op Olympesch Spiller. Déi Kéier d’Wanterspiller zu Lake Placid am eegene Land. Den Eagan war vu sengem Frënd Jay O’Brien, dem President vun der US-olympescher Bobfederatioun, invitéiert gi fir am Véiererbob matzefueren, deen 1928 zu Sankt Moritz Gold gewonnen hat. Obwuel hie réischt 3 Woche virun de Spiller eng éischte Kéier am Bob gesiess hat, konnt den Eagan mat sengen Teamkolleegen am Véiererbob seng zweet perséinlech Goldmedail gewannen.
Wéi d’USA an den Zweete Weltkrich agetruede sinn, goung den duebelen Olympiagewënner bei d’Air Force, fir am Air Transport Command sengem Land ze déngen. Als Lieutenant Colonel gouf hie mat sëllegen Uerden ausgezeechent a war nom Krich kuerz de Virsëtzende vun der New Yorker Kommissioun fir Kämpf ouni Waffen. 1951 goung hien zréck a säin ale Beruff, fir sech rëm op seng Karriär als Affekot ze konzentréieren.
1948 war dem Eddie Eagan och e Weltrekord gelongen, andeems hien a Fligere vu reguläre Fluchgesellschaften dee séiersten Tour ronderëm d’Welt gemaach hat. Hie war 20.559 Meile geflunn an enger Zäit vun 147 Stonnen a 15 Minutten, mat 18 Tëschestatiounen. Den ale Rekord konnt den Eagan, deen 1967 am Alter vu 70 Joer zu New York stierwe sollt, ëm méi wéi 20 Stonne briechen.
1983 huet den Edward Eagan, nieft Jesse Owens a Mark Spitz, zu den éischten US-amerikaneschen Athlete gehéiert, déi an déi deemools nei Hall of Fame opgeholl gi waren.