ÉisträichLëtzebuerger Damme wanne Sëlwer a Bronze bei Bëschaarbechten-EM

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Dammen hu bei den europäesche Studente-Meeschterschaften an de Bëschaarbechten an Éisträich Sëlwer an der Lännerstaffel a Bronze am Kombinatiounsschnëtt gewonnen.

Lëtzebuerg wosst bei den 22. europäesche Studente-Meeschterschaften an de Bëschaarbechten am éisträichesche Lendorf ze iwwerzeegen: D'Dammen hunn eng Sëlwermedail an der Lännerstaffel gewonnen an d'Tina Bigdowski eng Bronzmedail am Kombinatiounsschnëtt.

D'Competitioun war vum 19. bis den 22. Mee am Bundesland Kärnten. Insgesamt waren 22 Ekippen aus 17 Länner am Asaz.

Lëtzebuerg war mat enger Hären- an – fir d'éischte Kéier – enger Dammenekipp vum Lycée Technique Agricole vu Gilsdref vertrueden.

Besonnesch erfollegräich waren d'Lëtzebuerger Dammen an den techneschen Disziplinne mat der Motorsee. Nieft der Bronzmedail fir d'Tina Bigdowski am Kombinatiounsschnëtt huet d'Dammenkipp an der Lännerstaffel d'Sëlwermedail gewonnen.

Och d'Hären hunn am Forst-Parcours iwwerzeegt. No 16 Statiounen, wou ënnert anerem botanescht an zoologescht Fachwëssen, d'Berechne vu Bam-Héichten an Holzvolumen oder eng Éischt-Hëllef-Simulatioun gefrot waren, hu si just knapp de Podium verpasst.

Nieft de sportleche Competitioune stoung och e kulturellen Austausch um Programm. Beim "Internationalen Owend" am Kader vun der Meeschterschaft huet d'Lëtzebuerger Delegatioun mat ënnert anerem Rieslingspaschtéit, Hunneg a Kéis kulinaresch Spezialitéiten aus dem Grand-Duché presentéiert a mat deenen aus anere Länner ausgetosch.

Déi nächst Editioun vun den europäesche Studente-Meeschterschaften an de Bëschaarbechte soll 2027 méiglecherweis an Holland organiséiert ginn. Lëtzebuerg wëllt och dann nees dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO