Banja Luka, BosnienYves Wehmer mat 12. Plaz am Sprint bei Kajak-Weltmeeschterschaft

RTL Lëtzebuerg
No enger méi roueger Phas wéinst sengem Studium ass den Yves Wehmer mat enger staarker Leeschtung bei der Kajak-Weltmeeschterschaft erëm op der internationaler Bün present.

Den Yves Wehmer ass an der Descente bei der Kajak-Weltmeeschterschaft zu Banja Luka a Bosnien 12. am Sprint a 17. an der Klassik-Distanz ginn. Den 29 Joer ale Lëtzebuerger hat sech e Freideg fir d'éischte Kéier fir d'Finall vun de 15 séierste Wildwasserpaddeler qualifizéiert.

An der Sprint-Finall ass hien trotz engem klengen Tëschefall kuerz virun der Arrivée op déi 12. Plaz komm. Just 50 Meter virum Zil wier hien an engem schwéiere Passage bal ëmgekippt, konnt sech awer mat sengem Paddel mat Zäiten ofstäipen.

Schonn an der Qualifikatioun hat den Yves Wehmer iwwerzeegt. Mat engem staarken éischte Laf koum hien op déi 10. Plaz an huet just knapp déi direkt Qualifikatioun fir d'Topp 5 verpasst. Am zweete Laf konnt hie sech nach eng Kéier verbesseren a sech als 7. fir d'Finall qualifizéieren.

"Ech hu mäi Saisonszil schonn erreecht, an alles wat muer kënnt, ass e Bonus", sou den Athlet nom Qualifikatiounslaf.

Och an der Klassik-Course hat de Lëtzebuerger eng respektabel Leeschtung gewisen. Obwuel dës Distanz net säin Haaptzil war, ass hien ënner 70 ageschriwwene Senioren op déi 17. Plaz gefuer an huet sech zefridde mat senger Leeschtung gewisen.

No enger méi roueger Phase wéinst sengem Studium ass den Yves Wehmer domat zeréck op der internationaler Bün. Schonn 2015 hat hie mat enger 6. Plaz am K1-Sprint zu Nantahala an den USA op sech opmierksam gemaach a gouf deemools vun der Lëtzebuerger Sportspress als "Jeune espoir" ausgezeechent.

Back to Top
CIM LOGO