Optakt an d'Saison fir d'Patrizia van der WekenE Bléck hannert d'Kulisse vum Meeting zu Savona an Italien

RTL Lëtzebuerg
Déi lëtzebuergesch Sportlerin vum Joer ass op deem klenge Meeting op méi wéi een Top-Athlet getraff. RTL war bei de Preparatioune fir d'Outdoor-Saison dobäi.
© Val Wagner (Archiv)

Zu Savona an Italien ass fir d'Patrizia van der Weken d'lescht Woch d'Outdoor-Saison ugaangen. An enger Zäit vun 11'18'' konnt si sech an der Finall iwwer 100 Meter op der drëtter Plaz klasséieren. E grousst Zil fir d'Sportlerin ass et, fir 2026 ënner 11 Sekonnen ze lafen.

Zu Savona an engem klenge Stadion, an deem d'100 Meter, jee no Wandkonditiounen, op der enger oder aner Säit vun der Pist gelaf ginn, ass si ënner anerem op d'Indoor-Weltmeeschterin Zaynab Dosso aus Italien getraff.

Op Savona ass d'Sprinterin zesumme mat hirem Trainer Arnaud Starck komm. No engem Stage ass et aus der Tierkei mam Fliger op Nice gaangen a vun do aus mam Auto op Savona. Den Dag drop stoung mëttes en Training um Programm, bei deem ee sou munch Top-Athlet konnt begéinen. Nieft dem Dosso huet och de Marcell Jacobs, Olympiagewënner iwwer 100 Meter bei de Männer zu Tokio, op der Pist trainéiert. Hei goufen och nach lescht Detailer virun der éischter Kompetitioun vun der Saison analyséiert.

Duerno sollt et lassgoen - de Bern Thill war fir eis ganz no drun.

Optakt vun Outdoor-Saison: Patrizia Van der Weken kënnt op déi 3. Plaz
D'Sportlerin vum Joer ass op engem Meeting an Italien iwwer 100 Meter eng Zäit vun 11 Sekonnen an 18 Honnertstel gelaf.

Back to Top
CIM LOGO