Bei de French Open vun den Dammen huet sech d'Mirra Andreeva e Samschdeg de Mëtteg de Roland-Garros-Titel geséchert. Déi 19 Joer al Russin an Nummer 8 vum WTA-Ranking ass hirer Favoritteroll an der Finall géint d'Maja Chwalinska mat engem staarken Optrëtt gerecht ginn. Nom 6:3 am éischte Saz war de Klassenënnerscheed dann och am zweete Saz ze gesinn, wou d'Andreeva de Match mat engem 6:2 decidéiere konnt.
En Donneschdeg war der Nummer 114 vun der Weltranglëscht Maja Chwalinska eng sensationell Victoire an der 1/2-Finall gelongen.
E Sonndeg steet dann nach d'Finall bei den Hären um Programm. Ëm 15 Auer spillt do de Flavio Cobolli géint den Alexander Zverev.