Tennis zu WimbledonFlavio Cobolli dréint Match géint Khachanov a steet an der Aachtelsfinall

RTL Lëtzebuerg
De Finalist vun de French Open louch 1:2 an de Sätz hannen, koum awer nach weider. D'Williams-Schwëstere soen Dubbel-Comeback kuerzfristeg of.
© ADRIAN DENNIS/AFP

Zu Wimbledon steet déi decisiv Woch um Programm an eng Rei Favoritte si jo schonn eraus.

De French-Open-Finalist Flavio Cobolli konnt sech an der drëtter Ronn nach esou just an d'Aachtelsfinall retten. Den Italieener, deen an der Weltranglëscht op Plaz 10 geféiert gëtt, louch no dräi Sätz 0:6, 6:4 a 6:7 géint de Russ Karen Khachanov hannen, konnt déi zwee lescht Sätz awer jeeweils 6:2 fir sech entscheeden. Et war awer net deen eenzege Match, deen iwwer déi komplett Distanz goung. Och de Lokalmatador Arthur Fery, d'Nummer 114 am ATP-Ranking, huet sech a fënnef Sätz (2:6, 7:5, 2:6, 7:6, 7:6) géint de Belsch Zizou Bergs behaapt.

Och den Daniil Medvedev muss d'Wallisse paken. Hie war dem Däitsche Jan-Lennard Struff an engem serréierte Match mat 6:7, 6:7 a 5:7 ënnerleeën. Fir de 36 Joer ale Struff ass et déi éischt Kéier, dass hien an der Aachtelsfinall vun den All England Lawn Tennis Championships steet. Nieft dem Struff steet mam Alexander Zverev en zweeten Däitschen an den Aachtelsfinallen no enger däitlecher Victoire (6:2, 7:6, 6:4) géint de Marcos Giron.

Den Novak Djokovic huet mat e bësse Krämpes säin Ticket fir d'Aachtelsfinall gebucht. Géint de Fransous Arthur Rinderknech war den 39 Joer ale Serb mat 7:5, 6:4, 1:6 a 7:6 iwwerleeën an dierf weider vu sengem 25. Grand-Slam-Titel dreemen. Et war ausserdeem seng 105 Victoire beim Turnéier zu Wimbledon, domat huet hien de Rekord vum Roger Federer egaliséiert. Och den un Nummer 5 gesaten Australier Alex De Minaur steet no senger Victoire géint den Amerikaner Zachary Svajda (6:2, 5:7, 6:2, 6:4) am nächsten Tour. De

Bei den Dammen huet d'Aryna Sabalenka déi nächst Hürd op hirem Wee zum éischten Titel zu Wimbledon gemeeschtert. Mat engem 6:4, 6:4 géint d'Lettin Jelena Ostapenko ass déi aktuell Nummer 1 vun der Welt an d'Aachtelsfinall agezunn.

Dogéint ass déi fréier Nummer 1 Iga Swiatek iwwerraschend an zwee Sätz un der Alexandra Eala gescheitert (6:7, 2:6). D'Polin Swiatek war zu Wimbledon op Nummer 3 gesat. Nieft hir muss och d'Elena Rybakina den Dram vum Titel um brittesche Wues opginn. D'Kasachin huet mat 6:7 an 1:6 géint d'Elise Mertens aus der Belsch de Kierzere gezunn.

Williams-Schwëstere soe Comeback am Dubbel kuerzfristeg of

Nodeems d'Serena Williams bei hirem Comeback am Eenzel schonn an der éischter Ronn eliminéiert gi war, huet si e puer Stonne virun hirem Optrëtt am Dubbel mat hirer Schwëster Venus wéinst Knéiproblemer Forfait mussen erklären. "Et brécht mir d'Häerz, dass ech mech aus dem Dubbel zeréckzéie muss", huet d'Amerikanerin op Instagram geschriwwen. D'Serena Williams hat sech bei hirem Match am Eenzel de Knéi verdréit a krut vun den Organisateuren esou vill Zäit wéi méiglech, fir de Match awer ze spillen. De Match tëscht de Williams-Schwësteren an der Solona Sierra an der Camila Osorio war vum Donneschdeg op e Samschdeg verluecht ginn. Déi erfollegräich Schwëstere krute fir dëst Turnéier eng Wildcard.

Back to Top
CIM LOGO