No 1. Ronn zu WimbledonSerena Williams raus no Comeback, aner Favoritte si weider am Tournoi

Tom Nols
De wuel prestigiéiste Grand-Slam-Tournoi vum Joer ass amgaangen. E Mëttwoch spillen den Titelverdeedeger Jannik Sinner an de siwefache Gewënner Novak Djokovic hire jeeweils zweete Match. Fir d'Serena Williams war et dogéint e kuerze Comeback.
De Comeback vum Serena Williams war just vu kuerzer Dauer
De Comeback vum Serena Williams war just vu kuerzer Dauer
© HENRY NICHOLLS/AFP

Bei den Damme wëll déi topp gesaten Aryna Sabalenka ëm den Titel spillen, nodeems d'French Open enttäuschend op en Enn gaange ware fir d'Belarussin. Aus dem grousse Comeback vum Serena Williams ass näischt ginn. D'Amerikanerin, déi siwemol zu Wimbledon gewanne konnt, huet no bal 4 Joer Paus an der éischter Ronn no 3 ëmkämpfte Sätz um Centre Court géint déi 20 Joer al Maya Joint aus Australien verluer. Donieft sinn an der Dammen-Competitioun weider gréisser Iwwerraschungen ausbliwwen.

E Mëttwoch um 14:30 Auer soll d'Partie vum Jannik Sinner géint de Portugis Nuno Borges ufänken. Alles anescht wéi eng Victoire fir den Italieener wier bal eng Sensatioun. Bis ewell sinn déi grouss Surprisen och nach ausbliwwen, ofgesi vum Nowak Djokovic sengem onerwaarte Sazverloscht am éischten Tour géint de Wu Yibing. De Serb spillt e Mëttwoch géint de Griich Stefanos Tsitsipas. Den u 14 gesate Luciano Darderi dierf no Ronn 1 d'Wallis scho paken, grad esou wéi de Casper Ruud, deen op 11 gesat war.

D'Härefinall um "hellege Wuess" vum All England Lawn Tennis and Croquet Club am Londoner Staddeel Wimbledon wäert e Sonndeg, den 12. Juli gespillt ginn. D'Finall vun den Dammen ass e Samschdeg, den 11. Juli.

Back to Top
CIM LOGO