
De franséischen MMA-Kämpfer Ciryl Gane huet d'Event am Wäissen Haus kritiséiert. Fir säin 80. Gebuertsdag hat den US-President Donald Trump jo am Haff vu sengem Amtssëtz e Ring opriichte gelooss, fir hei quasi eng privat Kampfshow gebueden ze kréien. De Gane selwer war Deel vun der Show an huet a sengem Match géint den Alex Pereira den Interim UFC Heavyweight Championship gewonnen. An awer huet hie sech zu dëser Show vill Froe gestallt. Ënner anerem, wéi een anere President op der Welt op d'Iddi kéim, esou en Evenement ze organiséieren, dat "d'Steierzueler immens vill kascht." Hien huet d'Evenement awer och als eppes bezeechent, wou een als Kämpfer "just ee Mol a sengem Liewen drun deel hëlt".
De Gane huet och betount, datt MMA weltwäit e groussen Afloss kritt. "Duerch seng Kämpf a säi Programm erreecht d'UFC bal eng Milliard Mënschen, dat ass impressionnant". Hien huet och ervirgehuewen, datt MMA op de soziale Medien nach virum Futtball géif stoen, wann et ëm d'Popularitéit geet, an datt dat e staarke Message iwwer d'Bedeitung vum Sport an eiser Gesellschaft ass. Bei eise franséischen Nopere gouf MMA eréischt viru sechs Joer legaliséiert, mä dem Gane no géif de Sport elo jidderee begeeschteren, vu Kanner bis Senioren.
De Gane ass iwwerzeegt, datt MMA och ekonomesch grouss Perspektiven huet. "Dat ass e richtege Sportsbusiness. D'UFC ass eng richteg Krichsmaschinerie."
De Ciryl Gane huet och drop higewisen, datt MMA zwar e Sport mat engem gewalttätege Ruff ass, hien awer keng aggressiv Persoun ass. "MMA huet eng gewësse Gewalt, mä dat heescht nach laang net, datt ech och esou sinn - am Géigendeel."