Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet confirméiert, datt et de Bundesstaate fräi steet, transgender Sportlerinne vum Dammesport auszeschléissen. Dëst Urteel, dat en Dënschdeg verëffentlecht gouf, bezitt sech op Schoulen an Héichschoulen a gëllt als Victoire fir den US-President Donald Trump, deen am Februar 2025 en Dekreet fir den Ausschloss vu biologesche Männer vum Damme-Sport ënnerschriwwen hat.
Méi wéi d'Hallschent vun den US-Bundesstaaten hu well esou Verbueter legiferéiert. Den ieweschte Geriichtshaff an den USA huet d'Reprochen zeréckgewise mat dësem Urteel géint d'Verfaassung an d'Biergerrechter ze verstoussen.
De Supreme Court huet domadder d'Decisioun vun anere Geriichter opgehuewen, déi eng Diskriminéierung géint iwwer transgender Schüler attestéiert haten.