Den Iwwerbléck vum WantersportLaegreid klappt Perrot am Foto-Finish, Paris wënnt lescht Descente

Jeff Birsens
D'Saison am Wantersport geet sou lues op en Enn, ma dëse Samschdeg stoungen nach eemol eng Rei Competitiounen um Programm.
Norway's Sturla Holm Laegreid (L) crosses the finish line to win as France's Eric Perrot (R) comes in to place second during the men's 12,5km pursuit event of the IBU Biathlon World Cup in Holmenkollen, Oslo on March 21, 2026.
Mat der selwechter Zäit sinn den Norweger an de Fransous op der Arrivée ukomm, sou datt de Foto-Finish decidéiere misst.
© NTB/AFP

Biathlon

Op der leschter Poursuite vun der Saison zu Oslo ass et bei den Hären nach eemol richteg spannend ginn. No 12,5 Kilometer war et op der Arrivée zu engem Sprint tëscht dem Sturla Holm Laegreid an dem Eric Perrot komm, deen den Norweger am Foto-Finish fir sech entscheede konnt. Déi drëtt Plaz um Podium war fir de Fransous Emilien Jacquelin mat engem Retard vunn 1:11.20 Minutt.

Och knapp war et virdru bei den Dammen, wou sech d’Schwedin Hanna Öberg trotz dräi Feeler beim Schéissen mat nëmmen 0.50 Sekonne Virsprong virun der Franséisin Julia Simon (1 Feeler) behaapt huet. Op de Podium gepackt huet et dann nach mat engem Réckstand vun 23.20 Sekonnen an engem Feeler d’Schwedin Elvira Öberg.

Schisprangen

Am Eenzel-Schisprange vun den Hären huet sech am norwegesche Vikersund de Stephan Embacher d’Victoire geholl. Den Eisträicher hat um Enn 459.10 Punkten a louch domat virum Japaner Tomofumi Naito (446.80) an dem Norweger Johann Andre Forfang (443.70).

Bei den Dammen ass d’Victoire un d’Norwegerin Eirin Kvandal gaangen, déi mat 425.90 Punkte virun der Schwedin Frida Westman (420.50) an der Slowenin Nika Prevc (411.30) stoung.

Schi Alpin

Déi lescht Descente vun der Saison huet den Dominik Paris gewonnen. Fir den Ofschloss vun der Saison am norwegesche Lillehammer huet sech de 36 Joer alen Italieener mat enger perfekter Descente an engem Chrono vun 1:45.37 Minutt d’Victoire geséchert. Hannendru sinn de Schwaïzer Franjo von Allmen (+0.19s) an den Eisträicher Vincent Kriechmayr (+0.60s) op de Podium komm.

Och bei den Damme war et déi lescht Descente vun der Saison. Hei konnt sech d’Italieenerin Laura Pirovano mat 1:30.85 Minutt virun der US-Amerikanerin Breezy Johnson (+0.15s) an der Däitscher Kira Weidle-Winkelmann duerchsetzen.

Back to Top
CIM LOGO