Bei den Häre gouf et am Riseslalom zu Kranjska Gora a Slowenien eng Victoire fir de brasilianeschen Olympia-Vainqueur Lucas Pinheiro Braathen. Hie war 54 Honnertstel méi séier wéi de Schwäizer Loïc Meillard a konnt domat seng 7. Weltcup-Victoire feieren. Komplettéiert gouf de Podium vum Éisträicher Stefan Brennsteiner (+0.80 Sekonnen).
Bei den Damme stoung e Samschdeg de Moien eng Descente zu Val di Fassa an Italien um Programm, bei där d’Lokalmatadorin Laura Pirovano sech iwwer ee knappe Succès freeë kann. Mat der klengstméiglecher Avance vun 0.01 Sekonnen wënnt Italieenerin virun der Éisträicherin Cornelia Hütter. Déi drëtt Plaz war fir d’Corinne Suter aus der Schwäiz, och si hat just e Retard vu 5 Honnertstel.
Zu Kontiolahti a Finnland gouf et bei den Dammen am Massestart iwwer 12.5 Kilometer ee Succès fir d’Julia Simon. Mat engem Schéissfeeler an enger Zäit vu 34 Minutten a 40 Sekonnen konnt d’Franséisin sech virun de Schweedinnen Elvira Öberg (2 Feeler, +5.6 Sekonnen) an Anna Magnusson (1 Feeler, +8.9 Sekonnen) behaapten.
Bei den Häre stoung iwwerdeems d’Staffel iwwer 4 x 7.5 Kilometer um Programm. Hei konnt déi norwegesch Staffel sech ouni Feeler an enger Zäit vun 1:13:30.7 Stonnen duerchsetzen. D’Fransousen sinn och ouni Feeler um Schéissstand bliwwen an hunn et mat engem Retard vu 19.1 Sekonnen op Plaz 2 gepackt, wärend déi 3. Plaz un déi schweedesch Staffel gaangen ass (1 Feeler, +48.10 Sekonnen).
Zu Lahti a Finnland gouf et am Eenzelsprangen ee knappe Succès fir den Daniel Tschofenig. Den Éisträicher huet sech mat 0,6 Punkte méi wéi de Slowen Domen Prevc déi éischt Plaz geséchert. Drëtten ass de Japaner Ryoyu Kobayashi ginn.