Championnat am Judo weistSportaart gëtt hei am Land ëmmer méi beléift

Yannick Gross
An de leschte fënnef Joer hu sech d'Lizenzen, déi et am Judo ginn, verduebelt op elo ronn 2.000 Stéck.
Judo gëtt ëmmer méi beléift
An de leschte fënnef Joer hu sech d’Lizenzen, déi et am Judo ginn, verduebelt op elo ronn 2.000 Stéck.

De leschte Samschdeg gouf an der Coque den nationale Championnat am Judo organiséiert. Et ware vill Sportler do fir a verschiddene Gewiichts- an Altersklassen ee gutt Resultat ze erzilen an de Sport mat hire gudde Leeschtungen ze promovéieren.

Judo ass ee Sport, deen ëmmer méi beléift gëtt, stoung de leschte Weekend an der Coque am Fokus. Ronn 270 Aschreiwunge goufen et dëst Joer fir den nationale Championnat, dat a ville verschiddenen Altersklassen, souwuel bei Hären an Dammen, wéi och bei de Jongen a Meedercher.

Dobäi geet Zuel vu Sportler déi mat dobäi sinn an de leschte Joren och ëmmer méi erop. De Fokus vun der Federatioun leit nieft der Fërderung vun de jonke Sportler awer och dorobber, dat d’Leit bis an der Erwuessenen Alter mat dobäi bleiwen.

Iwwer déi lescht 5 Joer huet sech d’Zuel vu lizenzéierte Judo-Sportler insgesamt hei am Land verduebelt, dat vu ronn 1.000 op 2.000, wat och mat den ëmmer bessere Konditioune vum Training an de Clibb Uerschter d’Land ze dinn huet. Virun allem wichteg ass awer d’Freed, déi ee beim Judo huet an d’Kompetitioun tëscht de Sportler.

Et gesäit ee sech bei der Federatioun gutt opgestallt fir Zukunft an et hofft een op vill weider interesséiert Leit, déi Loscht hätten, an den nächste Jore mat Judo unzefänken

Back to Top
CIM LOGO