E Sonndeg war zu Paräis den Optakt vun de French Open, wou et bei den Hären direkt schonn zu enger éischter Iwwerraschung komm ass. An engem enken Duell géint säi Landsmann Nishesh Basavareddy huet den US-Amerikaner Taylor Fritz mat 1:3 (6:7, 6:7, 7:6, 1:6) de Kierzere gezunn. Zwar war d'Nummer 8 vun der Welt kuerz virun de French Open nach mat enger Entzündung am Knéi geplot an dowéinst net an Toppform, trotzdeem ass et e fir de Wildcard-Besëtzer Basavareddy zu Roland Garros e groussen Exploit. De Fritz war schonn d'lescht Joer an der éischter Ronn ausgescheet.
An deene weidere Partië vum Dag konnte sech jeeweils d'Favoritten duerchsetzen. Dorënner gouf et eng 3:0-Victoire vum Alexander Zverev géint de Benjamin Bonzi an och den Novak Djokovic ass no engem 3:1-Succès géint de Fransous Giovanni Mpetshi Perricard an der nächster Ronn.
Bei den Damme gouf ënner anerem d'Emma Raducanu eliminéiert. D'Brittin huet sech misse mat 0:2 (0:6, 6:7) géint d'Solana Sierra aus Argentinien geschloe ginn. Och fir d'Clara Tauson, Nummer 21 am ATP-Ranking, sinn d'French Open no enger 1:2-Néierlag géint d'Nummer 95 Daria Snigur scho fréi eriwwer.