
No der Defaite e leschte Samschdeg op der Kockelscheier huet den Tornado Lëtzebuerg zu Roanne misse gewannen, fir esou en drëtten an decisive Match ze erzwéngen, fir sech awer nach fir Véirelsfinallen ze qualifizéieren. Dat sollt hinnen awer net geléngen.
D’Lëtzebuerger hu vun Ufank u gewisen, dass si sech net mat der 3:6-Defaite aus dem éischte Match zefridden géingen an hu vläicht de beschten Match vun der Saison gespillt. Trotz engem 0:2 no zwee Drëttel konnten d’Spiller vum Christer Eriksson de leschten Drëttel op 2:2 ausgläichen. D’Decisioun huet domat missen an der Verlängerung falen. Do sinn d’Efforte vun der lëtzebuergescher Ekipp leider net belount ginn a si musste sech um Enn mat 2:3 geschloe ginn. Domat ass d’Saison fir den Tornado an der zweeter franséischer Divisioun eriwwer.
De Christer Eriksson zitt trotz dëser batterer Nidderlag e positive Bilan vun der Saison a kuckt zouversiichtlech an d’Zukunft. Wann ee bedenkt, dass een am Duerchschnëtt op der Kockelscheier virun net manner wéi 1000 Spectateure spillt, kann een nëmme vun engem Erfolleg schwätzen.
Elo geet et drëm, esou séier wéi méiglech d’Ekipp fir déi nächst Saison zesummenzesetzen an ze preparéieren. An deenen nächste Jore viséiert een un, sech ënnert deenen éischte véier Ekippen an der zweeter Divisioun festzesetzen.