Den Iwwerbléck vum WantersportLie McGrath wënnt spannende Slalom zu Kranjska Gora

RTL Lëtzebuerg
D'Damme waren am Super-G zu Val di Fassa ënnerwee. Do huet d'Emma Aicher e Réckschlag am Kampf ëm de Gesamtweltcup erlidden.
© JURE MAKOVEC/AFP

Am Schi Alpin waren d’Hären am sloweenesche Kranjska Gora am Slalom am Asaz. Hei konnt den Norweeger Atle Lie McGrath mat der klengstméiglecher Avance vun 0,01 Sekonn viru sengem Landsmann Henrik Kristoffersen gewannen. Och de gebiertegen Norweeger Lucas Pinheiro Braathen, deen déi zweet Saison ënner brasilianeschem Fändel fiert, hat just 0,03 Sekonne Réckstand op de Gewënner McGrath. Insgesamt war et eng spannend Course, well tëscht dem Éischten an dem Sechste just 0,12 Sekonne louchen.

Virun der leschter Course am Slalom zu Lillehammer d’nächst Woch bleift de Kampf ëm déi kleng Kristallkugel spannend. De McGrath huet mat der Victoire seng Avance op de Pinheiro Braathen op 41 Punkten ausgebaut, mee de Fransous Clément Noël an den Henrik Kristoffersen hunn als Drëtte respektiv Véierten nach d’Méiglechkeet, déi zwee Éischt ofzefänken, wann dës ausfale sollten. D’Victoire vum Marco Odermatt am Gesamtweltcup steet scho méi laang fest.

D’Dammen hu Statioun zu Val di Fassa gemaach. Am Super-G goung d’Victoire un d’Italieenerin Elena Curtoni, déi sech mat 0,26 Sekonnen Avance virun der Kajsa Vickhoff Lie aus Norwegen duerchsetze konnt. Mat der Asja Zenere koum eng weider Italieenerin op de Podium. Si hat just 0,01 Sekonn Réckstand op d’Vickhoff Lie. Déi Däitsch Emma Aicher hat virun der Course nach Aussesäiterchancen op déi kleng Kristallbull am Super-G, mee duerch hiren Out am éischten Tour sinn dës Hoffnungen zerplatzt. D’Aicher (1.016 Punkten) huet awer nach ëmmer Chancen op de Gesamtweltcup, wou si 125 Punkten hannert der Amerikanerin Mikaela Shiffrin (1.141) läit. Vun hanne kéint déi däitsch Olympia-Gewënnerin nach vun der Camille Rast iwwerholl ginn.

Am Biathlon goung d’Victoire an der 4x6 Kilometer-Staffel vun den Dammen zu Kontiolahti u Schweden. Trotz véier Schéissfeeler haten d’Skandinavierinnen eng Avance vu 40,6 Sekonnen op déi franséisch Ekipp. Norwegen, dat sech insgesamt zéng Schéissfeeler geleescht hat, koum mat iwwer enger Minutt Retard op de Podium. Tschechien a Polen koumen op d’Plaze véier a fënnef. Déi däitsch Staffel huet mat der 16. Plaz en Debakel erlieft.

D’Häre goungen e Sonndeg am Massestart un den Depart. Hei huet den Sturla Holm Laegreid seng éischt Victoire an dëser Disziplin an der Saison 2025/26 gefeiert. Den Norweeger huet sech e Kapp-u-Kapp-Duell mam Eric Perrot geliwwert, dem Fransous ass awer am leschte Schéissen e Feeler ënnerlaf, deen him warscheinlech d’Victoire kascht huet. De Perrot gouf mat 16,5 Sekonne Réckstand Zweeten hannert dem Laegreid. Mam Vetle Sjastad Christiansen koum en zweeten Norweeger op de Podium.

Och d’Schisprénger waren am finnesche Lahti ënnerwee, dës Kéier an der Super-Team-Kompetitioun. Hei huet Éisträich d’Sprangen dominéiert (858,6) an um Enn mat 22 Punkte Virsprong op Slowenien (836,8) gewonnen. D’Lokalekipp aus Finnland koum op déi drëtt Plaz (805,3), knapp virun den däitschen Aadleren (804,10). Wann een dës Punktzuel ëmrechent, hunn Däitschland 70 Zentimeter fir de Podium gefeelt.

Back to Top
CIM LOGO