D'Fotografe Boris Loder a Mary Frey
Um Samschdeg stelle mir Iech an der Summerartbox 2 Fotografe mat engem ganz ënnerschiddlechen Univers vir.
Artbox
De Lëtzebuerger Boris Loder stellt den Ament an der Abtei Neimënster skulptural Fotografien aus. Der Amerikanerin Mary Frey hir Fotoen aus de 70 an 80er Joer an Amerika kann een am Moment am CNA zu Diddeleng entdecken. Ma mir stellen Iech awer och dës Woch erëm eng Librairie vir, dës Kéier zu Wolz, an zwar Christinas Bicherbuttek.
BORIS LODER
No engem Literatur- a Geografiestudium, huet de Boris Loder sech der Fotografie verschriwwen. 2013 huet de Kënschtler säi Projet „Particles“ lancéiert, eng mëttlerweil Serie vu skulptural Fotografien. Am Fokus sti Cuben, déi hie mat ganz verschiddenem, deels och widderspréchlechem Material kreéiert huet, dat hien op diverse Plazen hei am Land gesammelt huet.
Duerch seng Wierker, hannerfreet a vergläicht de Boris Loder déi sozialgeografesch Identitéiten a Realitéite vun deene verschiddenste Plazen.
Fir op de Fotoen, déi exakt Cube-Form entstoen ze loossen, schafft hie mat Plexiglasformen, déi spéider digital fortretouchéiert a sou fir de Betruechter onsiichtbar gemaach ginn.
All Cube erzielt d'Geschicht vun enger spezifescher Plaz, wéi z.B. dem Gronn a gëtt en detailléierten Abléck an hire Charakter.
Nach bis den 8. September kann ee sech d'Ausstellung „Particles“ an der Abtei Neimënster ukucken. Vun Oktober u kann een déi fäerdeg Serie dann och a Form vun engem Buch entdecken.
MARY FREY
Si huet jorelaang Fotografie enseignéiert, hier eege Projete sinn niewe laanscht entstanen. Hier Kulissen, hier Heemecht de Staat Massachusetts an Amerika.
D’Fotografin intrigéiert mat hirem Style. Engersäits kann ee vun enger Snap shot Ästhetik schwätzen, anersäits sinn hier Fotoen all minutiéis gestallt.
Den Ënnerscheed tëschent der Dokumentaire-Fotografie an de Fotoe vun der Mary Frey ass awer evident.
Beim prestigiéise Berliner Buch Verlag Pepproni koume virun e puer Joren och 2 Bicher mat de Serië "reading Raymond Carver" a "real live dramas" eraus, déi e grousse Succès haten a séier vergraff waren , mëttlerweil sinn se nei editéiert ginn, an et kritt een se erëm ze kafen. D’Expo leeft nach bis de 25. November am CNA.