Wien ass géint d'Verhënnerung vu Kanneraarbecht an de Schutz vun der Ëmwelt? Am Prinzip keen, ma bis zum EU-Liwwerkettegesetz war et en zéit Verhandelen.

D'FEDIL denoncéiert ze vill Bürokratie, ze mann Harmoniséierung a kee Bezuch zur Praxis. D'Initiativ fir eng Suergfaltsflicht, déi zanter Jore militéiert, dass och d'Finanzplaz soll mat responsabiliséiert ginn, dierft sech kaum iwwert vill Konzessiounen am Text freeën. Et ass eng Debatt iwwert déi schwiereg Balance tëscht Mënscherechter a Wirtschaft.

"Lëtzebuerg bekennt sech kloer zu Mënscherechter", dat sot de Premier an der Chamber, wéi iwwert e méiglecht Lëtzebuerger Liwwerkettegesetz diskutéiert gouf. De Luc Frieden huet sech do och formell engagéiert, op dee Wee ze goen, am Fall, wou et zu kenger Eenegung op EU-Niveau kéim.

Sënn an Zweck ass et, dass Betriber iwwert déi ganz Produktiounschaîne duerfir suerge mussen, dass Ëmweltstandarden agehalen a Mënscherechter respektéiert ginn.

Dass zum Beispill keng Kanner méi a Minne schaffen oder Katastrophe wéi am Rana Plaza am Bangladesch virun 10 Joer geschéien, wou iwwer 1.000 Aarbechter an enger Textilfabréck gestuerwe sinn, déi Kleeder fir Bëllegmarken ënner onméiglechen Zoustänn produzéiert hunn.

U sech ass et eng nobel Cause , mee eng, iwwert déi scho jorelaang zéi verhandelt gëtt. No villem hin an hier a wéi um Enn kee méi mat engem Duerchbroch gerechent hat, gouf Freides de 15. Mäerz zu Bréissel e Kompromësstext vun der belscher Presidence vun enger Majoritéit vun den EU-Länner ugeholl, dorënner och Lëtzebuerg.

Ass d'Liwwerkettegesetz elo de groussen Duerchbroch oder en neit Bürokratiemonster?

Dësen Text ass zwar en éischte wichtege Schrëtt, bleift awer wäit hannert den Erwaardungen zréck an ass duerch politesch Manöveren esou verwässert ginn, dass e just nach ganz wéineg Betriber betrëfft, esou d'"Initiative pour un devoir de vigilance", en Zesummeschloss vu 17 Lëtzebuerger ONGen, déi zanter fënnef Joer scho fir esou e Liwwerkettegesetz hei am Land kämpfen.

Op der anerer Säit fäert d'Federatioun vun den Industriellen, dass wuel och kleng a mëttel Betriber indirekt kënne betraff sinn, an esouguer de Bannemaart a Gefor wier, op dee Lëtzebuerg als kleng oppen Ekonomie awer därmoossen ugewisen ass. Et wier och de Géigendeel vu manner Bürokratie, wéi d'Regierung de Betriber versprach hat.

Am Prinzip wäert den Text vun der EU-Direktiv am Abrëll am EU Parlament - dat heescht nach virun den Europawalen - kënne gestëmmt ginn, muss dann awer nees vum Rot guttgeheescht ginn.

Wat bedeit den Text fir Lëtzebuerg konkret, wéi ass et och mat den Holdingen a Fongen, a wéi wäit si si betraff? Dës an déi lescht Regierung wollten ëmmer verhënneren, dass och d'Finanzproduite mat abezu ginn.

Doriwwer diskutéieren am Kloertext de Jean-Louis Zeien, Koordinator vun der "Initiative pour un devoir de vigilance", de Charel Muller, Administrateur vu "Finance and Human Rights", d'Emmanuelle Mousel, Partner vun "Arendt a Merdernach" an dem René Winkin, Direkter vun der FEDIL.

D'Invitéen

Jean-Louis Zeien

Koordinator "Initiative pour un devoir de vigilance"

Fairtrade , Justice et paix

Charel Muller

Freiere Member vun der Direktioun vun der ALFI

Administrateur Finance & Human Rights

René Winkin

Ekonomist

Direkter FEDIL

Emmanuelle Mousel

Juristin

Partner Arendt & Merdernach