Yves Mentz a Bruno Oliveira
Den Yves Mentz huet virun e puer Joer nach 150 kg gewien, elo wëll hie Marathone lafen. De Bruno Oliveira war bei Generation Art. Wat mécht hien haut?
Komplette Wandel
Vum staark Iwwergewiichtegen zum Marathonleefer
Eng Kéier a sengem Liewen déi sechs grouss Marathonen op der Welt lafen, dovun dreeme wuel vill Marathonleefer. An dass den Yves Mentz eng Kéier zu deene Mënschen géif gehéieren, dat hätt hie viru puer Joer emol net am Dram fir méiglech gehalen. Den Yves huet sech awer elo mat 42 Joer genee dat Zil an de Kapp gesat. A wann een da gewuer gëtt, dass hien nach virun 13 Joer iwwer 150 Kilo schwéier war, da kann ee just nach staunen.

© RTL
Nom Erfolleg an der Casting-Show
Wéi dem Bruno Oliveira säi Liewen no Generation Art viru gaangen ass
Viru gutt fënnef Joer huet de Bruno Oliveira déi éischt Editioun vun Generation Art – Photo Edition gewonnen. Aktuell leeft jo op RTL Tëlee déi nei Staffel. De Bruno Oliveira kann ëmmer nach net ouni säi Fotoapparat. Hie schafft zanter kuerzem och als Proff am Lycée des Arts et Métiers. An dréckt sech a senge Fotoen nach ëmmer ganz perséinlech aus. Mir kucke mat him op seng spannend Zäit bei Generation Art zréck a begleeden hie bei puer vu sengen aktuelle Projeten.

© RTL
All d'Emissioune vu "Mënschen a Geschichten" fannt Dir op RTL Play.