D'Sarah Hild erzielt vun hirem Liewen no enger Gehierbluddung. D'Wencke Fiedler erzielt vu sengem neie Liewen zu Berlin.

Alles nei geléiert

Wéi d’Sarah Hild sech no enger Gehierbluddung zréck an d’Liewe gekämpft huet

Et héiert sech u wéi en Albdram. Eng jonk Fra ass kärgesond, si erwaart e Kand a kritt dunn am Waardezëmmer beim Fraendokter eng Gehierbluddung. Wéi duerch e Wonner iwwerlieft d'Sarah Hild. An och de Bëbee. Ma et ass näischt méi wéi et war. D'Sarah muss alles nei léieren. A wäert ni méi ganz gesond ginn. Och d'Bluddung am Gehier kann zu all Moment erëmkommen. Si huet eis erzielt, firwat se de Courage an d'Freed um Liewen net verléiert.

Bekannte Stëmm

Dem Radiostar Wencke Fiedler säin neit Liewen zu Berlin

Dem Wencke Fiedler seng Stëmm gehéiert zu de wuel bekanntste vu ganz Lëtzebuerg. Wann een no 2003 reegelméisseg Eldoradio gelauschtert huet. An deem Joer huet d'Wencke de Radiostar-Casting gewonnen. E Moment, deen alles verännert huet. Mat 23 Joer start d'Wencke eng grouss Radioskarriär. An och haut dréint sech bei him nach ëmmer alles ëm de Radio. Just d'Heemechtsstad huet geännert. Mir waren d'Radiosstëmm op Berlin besichen.

RTL

© RTL