Claudia Monti an Tanja de Jager
D'Claudia Monti erzielt vum Liewe mat engem Handicap. Déi fréier RTL-Presentatrice Tanja de Jager hëlt eis mat an hiert neit Liewen.
Vu Klengem un op Hëllef ugewisen
Wéi d'Ombusman Claudia Monti trotz hirer Behënnerung vill erreecht huet
D'Claudia Monti huet eng beandrockend berufflech Carrière opzeweisen. D'Ombudsman war wéinst enger Behënnerung vu Klengem un op Hëllef vun aneren ugewisen. An et war keen einfache Wee, fir dohin ze kommen, wou si haut steet. D'Claudia Monti erzielt, wéi si geléiert huet mat hirem Handicap liewen, wéi aner Leit drop reagéieren a wat et heescht all Dag u seng Grenzen ze stoussen.
Wat gouf aus dem Tanja de Jager?

Puer Joer no hirer Carrière bei RTL hu mir déi fréier Presentatrice erëm begéint
Als Informatikerin ass d'Tanja mat 30 Joer bei RTL komm. Vu do goung et séier bei de Planet RTL. Dono huet si och d'Meteo, de Magazin an eng Kachsendung moderéiert. Huet mat den Top-Käch vun der ganzer Welt gekacht a krut vun hinnen souguer hiert beschten Rezept uvertraut. Haut wunnt d’Tanja de Jager mat hirem Mann zu Virton an der Villa 0 a féiert e ganz neit Liewen.
All d'Emissioune vu "Mënschen a Geschichten" fannt Dir op RTL Play.