Den Änder Loutsch erzielt vun der Krankheet vu sengem Bouf an de fréieren Eldoradio-Morningshow-Star Andy Pawlikowski verréit, wéi et op der Bunn ass.

Extrem rare Gendefekt

Wéi d'Krankheet vu sengem Bouf dem Änder Loutsch säi Liewe op d'Kopp gestallt huet

Den Änder Loutsch féiert en erfollegräicht Liewen zu Paräis. Den zweete Bouf soll d'Kréinung si vum private Gléck. Ma no 6 Méint stelle si e Gendefekt beim Bëbee fest. Dem Änder säin Dramliewe fält wéi e Kaartenhaus a sech zesummen. Hien erzielt ganz oppen, wéi si lues a lues erausfonnt hunn, dass den Tristan krank ass a wéi si domat ëmginn.

Ganz nei ufänken

RTL

Vum Morningshow-Star zum Maschinist op der Bunn

No 16 Joer als Animateur bei Eldoradio, 13 dovun op der Fréischicht, fiert den Andy Pawlikowski elo um Zuch. Hie verréit eis, wat hien um neien Job esou faszinéiert, op en déi gutt al Zäite beim Radio heiansdo vermësst a wat d’Ënnerscheeder sinn tëscht der Fréischicht um Mikro an elo bei der Bunn.