D'Maya Barbangelo hat als Foetus am Bauch vu senger Mamm e Schlag an déi fréier Top-Triathletin Liz May schwätzt iwwert hiert Liewen nom Profisport.

Et geschitt extrem rare

RTL

D'Maya Barbangelo hat als Foetus am Bauch vu senger Mamm e Schlag

D'Meedche muss vu Gebuert u Schinnen droen a kann näischt eleng maachen. Et kënnt nämlech och nach dobäi, dass d'Maya zu all Moment kann eng epileptesch Kris maachen. Och d'Schwätze fält him schwéier. Den toughen Teenager erzielt, wéi hatt säin Alldag meeschtert a wéi et seng Zukunft gesäit.

No Olympia koum d’Geriicht

RTL

Déi fréier Top-Triathletin Liz May iwwert hiert Liewen nom Profisport

Zweemol bei Olympia, Vize-Europameeschterin a fënnef Mol Sportlerin vum Joer. D'Liz May wollt vu Kand u Profisportlerin ginn a kuckt haut op eng impressionant Karriäre als Triathletin zréck. Si huet eis erzielt, wéi haart et war, wéi se huet missen ophalen, a wéi si haut Sport, Famill a Schaffen um Geriicht ënnert een Hutt kritt.