En Accident stoppt dem Lola Schleich seng Karriär, de Jacques Pütz erzielt vum Lancement vu party.lu a mir begleeden den Alldag vum klengen Ellie.

Dram geplatzt

En uergen Accident stoppt dem Lola Schleich seng Karriär.

Dat 18 Joer alt Lola Schleich ass mam Konschtturne grouss ginn, huet alles ginn, fir sech fir international Kompetitioune zu qualifizéieren. Mä du koum alles anescht wéi erhofft. Puer Méint virun der Weltmeeschterschaft a Japan huet hatt sech beim Training esou uerg blesséiert, datt säi Liewe vun engem Dag op deen aneren en anert war. Wat mécht een, wann een als jonkt Meedchen op eemol alles, wat ee sou gär gemaach huet, muss opginn? A wéi geet et der Turnerin haut?

Mënschen a Geschichten: Lola Schleich
Dat 18 Joer alt Sportlerin ass mam Konschtturne grouss ginn, ma en Accident huet alles verännert.

Puer Joer viru Facebook

De Jacques Pütz erzielt, wéi hie party.lu lancéiert huet.

Fotoe vu Partyen um Internet kucken, ass haut dat normaalst vun der Welt ass. Virun enger Partie Jore war et eng Revolutioun. Ville Leit dierft party.lu nach e Begrëff sinn. Et war d'Zäit, wou et déi éischt digital Kamerae gouf, déi ee sech leeschte konnt. An dräi Joer, ier de Mark Zuckerberg mat Facebook koum. Op d'Bee gestallt gouf dat ganzt vum Jacques Pütz. Wat mécht hien haut, wou ass en drun? A wéi war dës geckeg Zäit, wéi den Internet ugefaangen huet, eis d'Liewe ze veränneren.

Liewe mat Autismus

Den Alldag vum sechs Joer alen Ellie a senger Famill.

D'Ellie kann net schwätzen an huet och nach aner kognitiv Aschränkungen. Hatt a seng Famill hu misse léieren mat Autismus ze liewen. D'Ellie mécht och ëmmer nees Fortschrëtter a senger Entwécklung. Kann haut ënnert anerem och selwer goen, wat am Ufank net méiglech war. Seng Eltere wëlle sech duerfir staark maachen, dass Autisten an Zukunft besser an eis Gesellschaft integréiert kënne ginn.