Wisou gouf Eternal Tango opgeléist? Bandmemberen zielen eis hir Geschicht. De klenge Leo iwwerdeems kämpft géint Leukemie.

Eternal Tango

Wat aus de Jonge vun der erfollegräicher Band ginn ass

Keng Band ass zu Lëtzebuerg esou ageschloen wéi Eternal Tango. Kuerz virun hirem internationalen Duerchbroch hu si sech virun 10 Joer opgeléist. 500 Concerten hu si op de bekanntste Bünen vu ganz Europa gespillt. Puer vun de fréiere Bandmemberen hunn eis vun hire groussen Dreem erzielt. Méigleche Feeler. An hir Pläng fir d’Zukunft.

De staarke klenge Leo

Wéi de couragéierte Jong géint d’Leukemie kämpft

Et ass eng Geschicht mat ville Schockmomenter, laangen Traitementer an engem onermiddleche Kampf géint d’Leukemie. Awer och eng Geschicht, an där de Leo seng gutt Laun a säi Laachen ni verluer huet. An de Leo ass weiderhin um Wee, nees ganz gesond ze ginn a wäert viraussiichtlech um Enn vun dësem Joer mat der Chimio fäerdeg sinn. Mir hunn d’Famill getraff.