Nieft der Adjutant-Chef Sabrina Müller stellt d'Tessy Iech och zwee fréier Poliziste vir, déi sech selbstänneg gemaach hunn a Selfdefense-Coursen ubidden.

Sabrina Müller

D’Adjutant-Chef Sabrina Müller zielt dem Tessy iwwer hir Karriär um Härebierg. Viru bal 20 Joer waren d'Tessy an d'Adjutant-Chef Müller zesummen Zaldotinnen an der Lëtzebuerger Arméi. Niewent der Karriär interesséiert sech d'Tessy awer och fir de Mënsch hannert der Uniform. Wéi ass et als Mamm, den Déngscht un der Waff unzetrieden a mat wat fir enge Problemer huet een et als Fra an enger Männer-Domän ze dinn?

Jenny Carat a Marc Stolz

Am Reportage loosse mir d'Jenny Carat an de Marc Stolz zu Wuert kommen. Déi zwee hu sech a bei der Police kennegeléiert. No laangen Iwwerleeungen hu si de Schrëtt an d'Selbstännegkeet gewot, a sinn haut houfreg Patronen, déi anere Léit bäibréngen, wéi ee sech selwer verdeedege kann. Mënschen a Geschichten dëse Sonnden um 19 Auer op RTL Tëlee an op RTL Play.