"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Festival vu Wolz huet eng laang Traditioun a gëtt et schonn zënter 67 Joer. Virun 2 Joer krut de Festival en neien Outfit. D'Elvira Mittheis an de Marc Scheer sinn zënter hier déi Responsabel vun der Organisatioun. Beim Jenny Fischbach schwätze si iwwer dës Erausfuerderung, awer och iwwer de Programm 2019.

Ausserdeem war d'Claudia Kollwelter bei eng besonnesch Liesung "20 Auteuren fir 20 Joer Servior" an d'Patricia Baum hëlt eis mat an d'Expo "I dreamed I was a house" an de Casino.

Déi nächst Emissioun "No Art on Air" gesidd der den 3. Oktober. D'ganz Equipe wënscht e schéine Summer a seet Merci fir d'Nokucken.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.