"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D’Band "When airy met fairy" gëtt et zënter 2014, als Duo fonctionnéieren d'Thorunn Egilsdottir an de Mike Koster elo vun 2018 un. Hir melancholesch Pop-Musek krut um neien Album, deen elo erauskënnt en neie Beat an hir éischte Single  stellen si den Owend am No Art vir.

Den Dan Wirtoh war bei der Autopsie vun aacht Skulpturen aus dem MNHA mat dobäi an zielt eppes iwwert dat spannend Resultat, an Danièle Michels stellt den neie Projet vum Jean Marie Biwer a Serge Tonnar vir, d’Buch vum Wee.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air