"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Pol Belardi ass Jazz Museker. Hie komponéiert, interpretéiert an improviséiert Musek fir säi Liewen gären a mécht dat och op internationalem Niveau. Mä d'Spontaneitéit bleift fir de Museker dat Wichtegst. Dat erzielt e beim Loïc Tanson.

Ausserdeem hëlt d'Patricia Baum eis mat op Metz fir eng Expo iwwer d'Oper an d'Sandy Elsen verréit, wat iwwer d'Feierdeeg an den Theaterhaiser leeft.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air