"No ART on AIR" - ëmmer donneschdes no 20 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Hien ass de bekanntste Lëtzebuerger Kënschtler. An de leschte Joren huet e virun allem mat der Band Legotrip vill Concerten uechtert d'Land gespillt. Elo koum d'Nouvelle, datt Legotrip ophält. Firwat a wat heescht dat fir de Serge Tonnar? Datt hien awer nach vill aner Projeten huet, huet en dem Jenny Fischbach erzielt.

De Pierre Jans erzielt iwwer Chrëschtdagsmusek an de Claude Neu stellt d'Serie "Criminal" vir.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air