"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D‘ Chiara Dahlem schafft eréischt zënter 2016 als Multimedia Kënschtlerin. Hir Wierker si grouss, faarweg an intuitiv. Ob an der Installatioun oder Molerei d‘ Kënschtlerin geet hiren eegene Wee, haut den Owend ass si eis Invitée.

D’Claudia Kollwelter huet sech iwwert verschidde d’Konschtpräisser hei am Land informéiert an d‘Christiane Kremer huet eng bekannten Enquête erëm opgegraff – D’Affär Grégory.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air