"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Dem Stephan Gehmacher seng Carrière ka sech weise loossen: Concertmanager vun de Salzburger Festspiele, Direkter vum Symphonieorchester Bayrischer Rundfunk, Programmatioun fir d'Berliner Philharmoniker an zënter 2013 ass hien Direkter vun der Philharmonie hei zu Lëtzebuerg.  Den Owend ass hien den Invité beim Jenny Fischbach..

D’Christiane Kremer schwätzt iwwert de Patrimoine an d‘Weltkulturierwen zu Lëtzebuerg.

An de Bob Konsbruck ass „Am Takt“:  mat senger neier Radioemissioun spillt hie just Lëtzebuerger Musek.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo