"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Mat der Titelroll als granzege Kommissar an der Serie "Capitani" ass de Luc Schiltz och beim breede Publikum bekannt ginn. Fir de Rescht stoung den Acteur awer schonn a villen nationalen an internationale Produktiounen op der Bün a virun der Kamera. An och 2020 huet e vill Projeten, doriwwer schwätzt de Luc Schiltz den Owend beim Jenny Fischbach.

D'Danièle Michels stellt de Film "Marriage Story" vir, dee fir d'Oscaren nominéiert ass an d'Sarah Rock bréngt e lëtzebuergescht Lauschterbuch mat.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo