"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Schauspillerei ass hir Passioun an hire Beruff- dobäi sicht d’Elsa Rauchs sech ëmmer gäre Projeten, déi net déi reng klassesch Theaterform hunn. A gläich e puer Produktiounen ass si op verschiddene Bünen ze gesinn. Doriwwer schwätzt d'Elsa Rauchs den Owend beim Jenny Fischbach.

D‘Patricia Baum huet sech am Casino d’Expo vum Klangkënschtler Patrick Muller ugekuckt an de Loïc Tanson stellt déi britesch Serie „Fleabag“ vir.


De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo