"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Serge Ecker huet Filmwëssenschaft mat 3D Animatioun a Special Effects studéiert. Zënter 2005 schafft hien am Beräich 3D Grafik a Computeranimatioun, ma hien ass awer och als Kënschtler aktiv. Zero Panorama – esou den Titel vu senger Eenzelausstellung am Cape, wouriwwer hien eis den Owend méi verréid.

D’Annick Goerens kuckt op déi 2. Staffel vun der lëtzebuergesch–däitscher Serie "Bad Banks" an d’Sandy Elsen war sech op Diddeleng d'Expoe vum Julie Wagener a Sali Muller ukucken.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo