"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Bernard Michaux ass Filmproduzent bei Samsa, der gréisste Produktiounsboîte hei am Land. Ma wéi gesäit den Alldag als Produzent aus a wéi eng Aarbecht stécht dohannert?  Alles dat a villes méi verréit hien dem Jenny Fischbach bei No Art.

D’Sarah Rock huet eis 2 Bicher an e Film matbruecht: "Little Women" war schonn 1868 beim literareschen Debut e grousse Succès.

An de Claude Neu schwätzt iwwert déi polnesch Serie „Ultraviolet“.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo