"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D’Fotografin Véronique Kolber kritt alles virun d’Lëns: vum Portrait iwwer de Familljenalbum bis bei dat besonnescht Motiv, dat méi ausdréckt wéi just eng Momentopnam. An hirer aktueller Expo am Cercle Cité huet si sech u Filmer inspiréiert a weist Fotoe vun hiren Amerika-Reesen. Doriwwer huet si méi beim Jenny Fischbach erzielt.

De Loïc Tanson huet iwwer de Bong Joon-Ho gesschwat, deen Hollywood elo iwwerrascht huet mat sengem Oscar-Film „Parasite“.

An d’Patricia Baum huet sech mam Kult-Auteur Stephen King beschäftegt.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo