"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

De Jean-Marie Biwer gehéiert zu de wéinege Lëtzebuerger Kënschtler, déi eng Eenzelausstellung am Mudam kréien. Am No Art beim Jenny Fischbach erzielt hien iwwer d'Expo an iwwer seng Manéier ze schaffen.

De Claude Neu hëlt eis mat op Nanzeg an d'Maison Majorelle an d'Danièle Michels huet e Buch an e Film matbruecht mat Illustratioune vum Jean-François Laguionie.

D'Emissioun No Art on Air vun dëser Woch ass opgeholl ginn, wéi nach net gewosst war, datt aus Precautioun virum Corona-Virus d'Kulturinstitutiounen hir Diere géingen zoumaachen. D'Ausstellung vum Jean-Marie Biwer am Mudam soll verlängert ginn, soubal de Musée nees op ass.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo