"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

D’Kultur ass nach an der Quarantän, ma dofir bleift se awer net stoen, och net bei eiser Kulturemissioun "No Art on Air".

Wéi gesäit et iwwerhaapt den Ament an den Theateren an de Kulturhaiser aus? Mir waren op Miersch an an de Groussen Theater nofroen. An kucken op der Volleksbün hir digital Produktiounen.

D'Abtei Neimënster huet d'Zäit genotzt fir hir Geschicht vun engem BD-Zeechner opschaffen ze loossen.

De Social Distancing ass vrun allem schwéier am Danz ze respektéieren. Wéi erlieft dat grad d'Dänzerin Sylvia Camarda? Si ass am Interview.

An zum Schluss gëtt et nach en "Anti-Virus Serien Tipp".

De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo